
“No matter what culture you’re from, everyone loves music”.
– Billie Joel

MUSEK A MENGER KLASS?
Ech sinn d’Jeanne Schmartz an trommele schonns mäi ganzt Liewe laang.
Dofir sinn ech no menger Première F an Holland gaangen, fir do latäinamerikanesch Perkussioun a Musekswëssenschaften ze studéieren. Rëm zréck zu Lëtzebuerg, hunn ech ugefaangen am Lycée fir d’Educateuren an Educatricë Musek ze ënnerriichten.
Ech ginn och zënter 2024 Perkussiounscoursen am Stater Conservatoire.
2023 ass och mäin 1. Kannerbuch “Wien ass d’Quinto” rauskomm.
Well ech och schonns iwwer 15 Joer Formatiounen fir den IFEN ginn, an ëmmer erëm a Schoulen invitéiert gi fir Workshops bäi Kanner ze maachen huet sech vill Material ugesammelt. Dëst deelen ech op 2 Plattformen:
Dir kennt mech awer och buchen fir e Workshop an ärer Klass.

Projet Spillschoul
Waasserbëlleg 2025